PHILOSOPHIE

 

Ier ech mam SPIRIT MARKETING ugefaang hunn, hunn ech mech gefrot: “Wéi eng Marketing Approche hëlleft Firmen allgemeng?”

Ech hu gemierkt datt Marketing a vollen Mäert aktuell haaptsächlech duerch Repressioun gedriwwe gëtt. Dobäi gëtt de Produit an de Service an den Virdergrond gesat. Ech wollt e Konzept dat de Mënsch an d’Natur an den Virdergrond stellt. Déi mächtegst Motivatioun fir ze handelen entstinn wann eppes gär hutt. Dat ass d’Basis vun eisen Aktiounen.

Mir handelen op gläiche Konditioune a gesinn d’Firma als e liewegen Organismus. Alles wat d’Firma brauch ass schonn do. Mir hëllefen et sichtbar ze maachen, seng Stralungskraaft z’erhéijen an se z’ënnerstëtzen.

Elo ass d’Zäit fir e bewosst Marketing mat der Kraaft vu Léift.

SPIRIT MARKETING definéiert d’Léift an de Firmen. Prägung vun enger néier Kultur, en léiwt Zesummeliewen déi konsequent Ziler verfolgt a mënschlech Produkter a Servicer a Harmonie mam Mënsch produzéiert.

Mir deelen d’Firma – wéi e Kierper – an dräi Beräicher:

Inspiratioun
(D’Séil vun der Firma)

Hei sinn d’Visioun a Motivatioun bannent der Firma verstoppt. Hei gëtt definéiert wat gemaach gëtt a wat gär ass. Hei ass d’Basis fir all Dag daat Bescht ze gin. SPIRIT MARKETING erënnert un déi déif Motivatioun a fördert mat sengem Coaching dës roueg Stëmm déi sou dacks vun den alldeeglechen Aufgaben ofgedeckt ass.

Kommunikatioun
(De Geescht vun der Firma)

Mir sti fir kloer Kommunikatioun well mir de Courage hunn eis opzemaachen an ze weisen wéi mir sinn. Och wann dëst am éischte Schrëtt vulnérabel mécht, schaaft et Clientsverhältnisser a Mataarbechterrelatiounen déi stabil an déif sinn. Wat mir fir eis selwer liewe brénge mir eise Partner – éierlech an eecht Kommunikatioun. Dëst schaaft Vertrauen op engem léiwen Niveau.

Presentatioun
(De Kierper vun der Firma)

Clienten a Partner kënnen op den éischte Bléck erkennen wien Dir matkritt. D’Presentatioun soll kloer, kohärent an echt sinn. Weisen fir wat d’Firma steet. Mir deele bewosst Leit déi eis gär hunn an anerer déi falsch mat eis sinn. Waat een eischter kann décidéieren, wat besser. Dëst spuert béid Säiten vill Energie.

Mir sinn e bëssen verreckt an passen net ganz an dei aktuell Zäit – oder vläicht grad dowéinst, passen mer sou gutt. Wann Dir wellt, kennt dir et gär eraus fannen. Mir sinn opp fir Leit déi sech mat eis, eis Iddien a Servicer emgin.

Mat frëndlech Gréiss
Jörg Klöckner
Propriétaire – SPIRIT MARKETING – Liebevolles Marketing

Senden Sie uns eine Anfrage

Zusammen finden wir eine passende Lösung.

Formular
Telefon
E-Mail